Wann? Donnerstag 04.02.202708:30 Uhr

D’Julie an den Aprikosejong

Wo? 38, Avenue Charlotte, L-4530 Differdange Theater, Film & Shows

Cosimo Suglia / Daliah Kentges

 

D’Julie ass e klengt Meedche mat enger grousser Leidenschaft fir eng ganz bestëmmte Fruucht: séiss, säfteg a samteg Aprikosen. Am Bësch, net wäit ewech vu sengem Doheem, sou heescht et, steet e ganz besonneschen Aprikosebam, dee gréisste vu senger Zort, mat deene beschten a schéinste Friichten, déi jee ee Mënsch gesinn huet.
Säi Papp awer huet dem Julie strengstens verbueden, an dëse Bësch ze goen, well, sou erzielen sech d’Duerfbewunner säit Joerhonnerten, der Doud do lauert.
Mee well d’Julie gewinnt ass, dat ze kréien, wat et wëll, a well seng onmoosseg Gloscht him keen anere Choix léisst, schläicht hat sech enges Nuets heemlech eraus, fir dës eenzegaarteg Këstlechkeet ze schmaachen. An tatsächlech, déif am Bësch verstoppt, fënnt d’Julie e risege Bam, mat Aprikosen sou grouss wéi Melounen. Hatt hat also, sou seet et sech, wéi ëmmer Recht. An et huet dëse Gedanken nach net richteg zu Enn geduecht, wéi et op eemol am Gebësch raschelt an e wonnerbaart klengt Wiesen ervir kënnt, dat dem Julie seng Virstellungskraaft bei wäitem iwwertrëfft…
Ausgoend vu senger Kuerzgeschicht The Little Girl That Knew Better, (Les Cahiers Luxembourgeois Numéro 3, 2020) entwéckelt de Cosimo Suglia, deen 2021 mam Chrysalis Award, e Präis fir Nowuessschrëftsteller a spekulativer Fiktioun, fir Lëtzebuerg ausgezeechent gouf, zesumme mam Daliah Kentges en Theaterstéck fir Kanner ab sechs Joer.

Zousätzlech Informatiounen

 

  • Text: Cosimo Suglia
  • Regie: Daliah Kentges
  • Assistenz: Laetitia Lang
  • Bün a Kostüm: Anouk Schiltz
  • Musek: Arthur Possing
  • Theaterpedagogeschen Dossier: Laetitia Lang
  • Mam: Mady Durrer (Erzielerin a Bam), Magaly Teixeira (Julie), Luc Lamesch (Aprikosejong)
  • Produktioun: Théâtre du Centaure
  • Koproduktioun: Kulturhaus Niederanven a Kinneksbond Centre Culturel Mamer
  • Ënnerstëtzung: Ministère de la Culture a Ville de Luxembourg
  • Award: Gewënner vum Bünepräiss 2025 an der Kategorie „Bescht Kanner- a Jugendtheaterproduktioun“
  • Alter: vu 6 Joer un
  • Dauer: 60 Minutten
  • Sprooch: Lëtzebuergesch


 

Mehr Infos

 

 

 

Preisinformation
ab1,50€
ab1,50€
©© Bohumil Kostohryz
Die nächsten Termine
Donnerstag 04.02.202708:30 Uhr
Donnerstag 04.02.202710:30 Uhr
Freitag 05.02.202708:30 Uhr
Freitag 05.02.202710:30 Uhr
Montag 08.02.202710:00 Uhr
Mehr anzeigenWeniger anzeigen

Veranstaltungsort

Adresse: Aalt Stadhaus
38, Avenue Charlotte
L-4530 Differdange
Auf Karte anzeigen
©© Léa Valet

Complet: Artistes en herbe

Cours de dessin pour enfants animé par Léa Valet
Mehr erfahren
©echo.lu

À la poursuite du Père Noël!

Un film de James Huth
Mehr erfahren
©echo.lu

Dernières places: Tous sur scène

Édition Noël
Mehr erfahren
©© Joanna Hudyka

De Spada am Stadhaus

Voyage, voyage
Mehr erfahren
©© Léa Valet

Dernières places: Artistes en herbe

Cours de dessin pour enfants animé par Léa Valet
Mehr erfahren
©© Sébastien Grébille

Complet: Pizz’n’Zip

Un concert scénique dédié aux enfants
Mehr erfahren
©echo.lu

Bib fir Kids

Bib fir Kids
Mehr erfahren
©echo.lu

Matt Bragg

Matt Bragg
Mehr erfahren
©echo.lu

Complet: Verino

Rodéo
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.