Recherche am a-z.lu an online Ressourcen
Workshop
D’Mediathéik vum CNA an d‘Diddelenger Bibliothéik hu sech zesummegedoen, fir Iech follgend dräi gratis Offere virzestellen:
- Recherche am online Katalog a-z.lu
- ebooks.lu
- Streaming mat MéNuLu (Médiathèque numérique du Luxembourg).
Mir weisen Iech, wéi Dir Är Recherche am a-z.lu perfektionéiert, wéi Dir tëschent dausende vun elektronesche Bicher navigéiere kënnt a mir stellen Iech déi verschidde Streaming-Plattformen vu MéNuLu vir.
Et si keng Virkenntnisser néideg, fir um Atelier deelzehuelen.
Mir bieden Iech, Ären Handy, Laptop oder Tablet matzebréngen!
Fir eng kleng Stäerkung ass gesuergt.
Zwee Ateliere gi proposéiert:
.
.
17.10.2026 / 14h-15.30h – Bibliothèque Publique Régionale de Dudelange
Sprooch : Franséisch
Gratis Aschreiwung : bibliotheque@dudelange.lu oder 51 61 21 255
14.11.2026 / 14h -15h – Médiathèque du CNA
Sprooch : Lëtzebuergesch
Gratis Aschreiwung : mediatheque@cna.etat.lu