De Wëllefchen an de Fiischen
Kannerspektakel
Fiischen, Fiischen, ech hu näischt z’iessen, Fiischen, Fiischen, ech muss dech friessen…
eng al Seechen …
a nei Reimen gesat vum Dicks …
verspillt op d’Bühn bruecht vun „Toile Si-Re“ mat enger Hällewull un ueregen Eegekreatiounen:
de Wëllefchen an de Fiischen - zwou apart Handpoppen …
eng mat Gedold gehäkelt a vill Léift gekoschtert Bühnendeko …
frësch, frech, frou Musik …
eng lieweg Textadaptatioun …
Oder, ganz einfach gesot: kauffmännische Sinnereien …
Handpoppen, Häkelaarbechten, Bühnendeko, Logo, de Fiischen : Annick Sinner
Musik (Kompositioun a Spill), de Wëllefchen : Nadine Kauffmann
Mise en scène a Beliichtung : Martine Conzemius
Kostümer : Toile Si-Re
mise en scène à.s.b.l.
Dëst ass ee Projet fir Erwuessener a fir Kanner. En eegent sech och als Schoulvirstellung fir den Cycle 4.
Représentations scolaires : Jeudi 10h45
Représentation SEA et public : Jeudi 15h15
≥ 6 Joer/ans