21.09.2021

Honnert Joer Diddelenger Bibliothéik


De Virtrag g'tt en Aperçu iwwert d‘Geschicht vun der Diddelenger Bibliothéik vun 1918 un bis haut, iwwert d’aktuell Situatioun an een Ausbléck op d’Aufgaben an d’Defi' vun der Zukunft. D’Bibliothéik ass nom éischte Weltkrich gegr'nnt ginn an huet d’Gesellschaft duerch d’Verännerunge vum Joerhonnert begleet. Am Ufank hat si haaptsächlech eng pädagogesch Missioun. Am zweete Weltkrich hunn d’Nazi' probéiert, aus der Institutioun ee Propaganda-Instrument ze maachen. Dowéinst huet d’Bibliothéik 1946 ee neie Bestand missen opbauen. Vun do un huet se sech esou entwéckelt, dass si am Déngscht vun enger Populatioun mat 'mmer neie Besoin' konnt sinn: de Bicherfong ass gewuess an u modern Zäiten ugepasst ginn. Haut huet d’Bibliothéik een “inklusive” Charakter an adresséiert sech un all Zorte vu Public. D’Friederike Migneco ass z'nter 1998 Responsabel vun der Bibliothéik an huet an alle Quelle recherchéiert, déi haut disponibel sinn: a Bicher an a w'ssenschaftlechen Aarbechten, grad esou wéi an Archivmaterialien, ob virtuell oder op Pabeier.
Virtrag am Kader vum Centenaire vun der Diddelenger Bibliothéik

This website uses cookies to improve your experience and to provide personalized content. If you proceed to navigate our website, you accept our use of cookies. I accept More info